TABLE RONDE VUM 13ten MEE 2009
Fir eis Table Ronde vun dësem Joer hun mir 143 Invitatiounen verscheckt, an 2 Schüler an 2 Pappen haaten den Wee an den Mamer Lycée fond. Mir waren frou den Här Wagner an den Här Huberty dierften ze begréissen.
Vum Eltërecomité waren Danielle, Christiane, Rica, Sonja, Perry, Karin, an Christine dobei.
Déi Schüler sin elo an folgenden Schoulen:
1 Art et métier 10ème TE ( informatique)
1 LTC 10ème TE (mécanique)
1 LMR 3ème B
1 FIELDGEN 9ème TE
Themen déi ugeschwaat goufen waren :
Intégratioun an déi nei Schoul
Encadrement
Léierprogramm
Zensuren
Kommunikatioun
Den Wiessel vum Schüler an den Art et Métier ass net esou gudd gaang, vu , daat den Schüler senger Meenung no falsch orientéiert ass, an der Informatique, an an all deene Fächer déi domadd drun hänken, do sin grouss Probleemer ze vermierken an d‘Nouten sin deem entspriechend, ech zitéieren den Schüler „Meng Zensur ass grausam!“ Hien wiesselt souwiesou seng Fachrichtung an wëll zeréck op Mamer fir den Genie Civil ze machen. Den Schüler huet och bemierkt dat Encadrement net dat selwescht wär wéi zu Mamer, hien seet et géif sech net esou em seng Probleemer gekëmmert gin, sou wéi hien daat am Mamer Lycée gewiint war. Am groussen ganzen kann een do soen dësen Schüler huet trotz senger schlechter Erfahrung och eng gudd Expérienz gemach an elo erkannt an waat fir eng Richtung hien wëll goen an sech do elo vill besser drun ze gin …..
Lycée Technique du Centre .Am allgemengen wär et vill méi eng stricte gefouert Schoul, wou den Encadrement vum Schüler awer ganz an der Réih ass. Den Schüler kënnt gudd virun an en ass begeeschtert vun sengem Fach an der „Mécanique“! Den Iwergaang ass him net schwéier gefall, vu dat hien an der Branche ass, wou him gefällt!
Am Lycée Michel Rodange ass den Wiessel souweit gudd gaang, ausser ,daat 7 Schüler déi op Sektioun B gaangen sin versprach kruuten eventuel all an deem Lycée ugeholl ze gin, waat awer net geklappt haat an sie een negativen Start haaten, vu dat sie getrennt goufen. Allgemeng sin Nouten zefriddenstellend wou leider awer vum LMR d‘ Schüler aus dem Mamer Lycée Bemierkung gemach kritt hun ,sie hätten eng schlecht Basis, wourophin den Papp dann méi genee wollt wëssen , waat dann genau den Probleem wär, hien awer dorophin keng Äntwert krutt. Kommunikatioun am LMR schéngt dem Papp net ganz neutral an éischter um politischen Niveau gefouert ze gin.Den Schüler kënnt awer gudd mat virun an muss een och soen dat den Wiessel vun enger 4ème op eng 3ème B immens schwéier ass, an et am Ufank ëmmer bëssen méi problematesch ass. Diskussioun ass och opkomm dat verschidden Proffen hiirem Job net gerecht gin an den Schüler net ëmmer déi néideg Hëllef mat op den Wee gin, wou den Här Huberty dann awer och gemengt huet, dat et och fir een Proff net ëmmer einfach ass nëmmen sein Cours ze haalen mee leider och ëmmer erem muss den Erzéiher spillen wou daat jo awer soll d’Rool vun den Eltëren sin, woumadd hien och net ganz Onrecht huet. Den Schüler huet sech awer gudd angeliewt an wärt sein Wee wou en gewielt huet och machen…..
Den Wiessel vun enger Schülerin an den Fieldgen war leider noutwänneg gin, well dës Schülerin am Technique zu Mamer iwert den PROCI PROJET seng 9ème TE leider net konnt redoubléieren , waat den Papp an dësem Fall bedauert huet, vu dat Schülerin jo just an der Mathe seng gréisste Probleemer haat an daat fir den Wiessel op eng PS keng sou grouss Roll gespillt hätt.??!!Den Här Wagner huet sech awer d‘Fro gestallt firwaat hat keng Epreuve de recours gemach hätt, sou wéi dat awer zu Mamer an sou engem Fall üblech wär?! Den Här Wagner huet dësen Virfall immens bedauert an kuckt dat och no an huet eis awer dorop informéiert dat et zu Mamer elo „Classe redoublant’en“ gin wou 33 Stonnen d‘Woch Cours gehaalen gëtt an spézifesch op déi schoulesch Probleemer hin geschafft gëtt. Schülerin ass awer elo um Fieldgen Klassenbescht an wärt dann elo nächst Joer op eng PS kënnen goen….
Am Allgemengen kann een awer soen dat d‘Schüler ëmmer ërem bestätegen, daat sie sech wuel gefillt hun zu Mamer an immens gudd encadréiert waren waat hinnen an deenen aaneren Schoulen e bëssen feelt. Waat d’Léieren ubetrëfft mussen sie sech iwerall drun gin, wëll allgemeng een Wiessel am Ufank ëmmer schwéier ass, mee och do gëtt Fleiss belount. Déi Mamer Schüler kommen awer mat virun,an packen hiir Schoulen souweit se richteg orinetéiert sin, sou dat een kann soen, dass hiir Basis jo net déi schlechst kann sin.Weider sou……….
Mat engem gudden Patt ass dësen flotten Owend ofgeschloss gin.