Réunioun vum 24ten Juni 2009
Nodeem mir jo eng Formule hun fir den Subside ze berechnen, fir déi finanziell Ennërstetzung vun den Schüler, hun mir festgestallt dat am Fall wou deen Betrag ziemlech niedreg ausfällt , wéi elo am Fall vun der Klasse déi eng Visite vum Familistère zu Guise machen, hun mir beschloss een Minimum fir sou Fäll festzele’en vun 100 Euro.
Fir eisen Budget e bëssen ze entlaschten hun mir beschloss am nächsten Schouljoer keen Infobliedchen méi ze drécken an ze verschécken, vu dass eng ganz Partie Eltëren et souwiesou mol net liesen an et awer ganz vill Käschten fir eis sin, wou déi Souen awer gudd fir eis Schüler kéinten angesaat gin , ass d’Iwerlee’ung gemach gin fir vielleicht just sou een Exemplar op eisen Site ze sëtzen oder een Flash mat News ze machen wou mir dann just déi wichtegst Sachen op eisen Site sëtzen loossen , mir diskutéieren daat awer nach weider aus, wéi mir dat elo sollen verwiirklechen.
Rica an Karin, déi an dem Comité mat dran sin, hun eis iwert Proje’en informéiert déi sin:
Dékoratioun vum Lycée
Ech haat iech do schon e puer Foto’en gescheckt vun Miwel ,deen Schüler kaafen waren fir hiir Bibliiothéik méi gemittlech ze machen do gin awer och nach e puer farweg Akzenter gesaat
Fir bei d‘Cantine ze goen sin och schon e puer Maueren schéin farweg gemolt gin et leit den Schüler ziemlech um Härz dat hiiren Lycée e bëssen méi farweg soll gin
Een Barbecue soll vun den Schüler selwer gebaut gin
Een Kreidergaard soll och nach réaliséiert gin wou dann och Schüler mat den Sachen aus hiirem Gaard wëllen kachen wat se dann awer am Kichenatelier machen
Een Movie Room gëtt ab dem Freiden den 26ten Juni am Sall Momo am SPOS ugebueden, wou Schüler an hiirer Mëttesstonn e Film kënnen kucken
Bei deenen Proje’en ass et virun allem am wichtegsten dat et den Schüler hiir Idee‘en an Proje’en sin an bleiwen déi sie selwer därfen an kënnen réaliséieren an dat déi Erwuessen sie just ënnerstëtzen an begleeden!
Rica an Karin froen och no op mir do kéinten regelméisseg Rapport’en kréien.
Méindes den 6ten Juli um 14.30 Auer an dem Restaurant Scolaire sin mir invitéiert op d‘Remise des prix aux élèves méritants an duerno op een Dessertsbuffet um 15.15 Auer fir déi Leit déi op der Porte Ouverte gehollef hun .Deen wou wëll mat goen muss sech nach bei mir umellen . Merci
Dënchdes den 7ten Juli um 17.00 Auer an der Salle des Fêtes sin mir och op d’Remise des diplômes fir 13ièmen invitéiert.
Mir hun wéi all Joer och dëst Joer erëm eist Ofschloss’iessen waat den 14ten Juli um 19.30 Auer ass, mir hoffen dat dir all kënnt dobei sin.
Den Restaurant hun mir nach net fest geluegt, all Idee ass wëllkomm, mellt iech w.e.g bei mir un fir d‘Réservatioun!
Dëst Schouljoer mussen mir leider engem Member dem Danielle Thiry Äddi soen, hat muss den Comité verloossen wëll elo keen méi vun sengen Kanner bei eis am Lycée ass, mir soen him op alle Fall e groussen MERCI fir seng gudd Aarbecht déi hatt am Comité gelescht huet!
Mir hun och een neien Datum festgeluegt fir eis éischt Réunioun am neien Schouljoer wou den 30.09.2009 um 18.30 Auer ass!
E groussen MERCI un iech all fir déi gudd Aarbecht am Comité!!
Schéin Vakanz!!!