Assemblée Générale

vum 26ten November 2008



Referat My School



Ugefaang huet eisen Owend mat engem Referat vun der Madame Nadine Kneip (Franséich Professorin an eisem Lycée) . Sie huet eis een klengen Abléck gin waat den Site mySchool ass , an wéi een dësen flotten an hëllefsreichen Site fir Eltëren a Schüler optimal kann notzen. Sie huet och den Site vum Lycée virgestallt den ltjbm.lu mam elektronechen Klassebuch. Et war eng ganz interessant an léierreich Präsentatioun vun ongeféier enger gudder 45 Minuten wou och vill Froen gestallt an beäntwert sin gin.

Begréissung vum Président Perry WIES



Den Här Wies war frou den Här Direkter Jean Wagner, den Här Huberty vum Proffekomitee, den Buergermeeschter den Här Gilles Roth , souwei och déi présent Elteren begréissen ze dierfen. Entschëllegt fir deen Owend haat sech den Här Marcel Schmit, Scheffen an der Gemeng Mamer.

Hien huet ganz kuurz eis Activitéiten vum Joer 2007/2008 ernimmt déi waaren:

Rapport vun eisem Trésorier Romain KLEIN



Den Här Klein huet d’Assemblée iwert Recetten an Dépensen am Joer 2007/08 informéiert déi waaren:



Recetten: 4.669,79 €

Dépensen: 4.038,35 €

Waat een Bénéfice vun 631,44 € aus mecht.

Den Total vun eisen Recetten vum leschten Joer waren : 9.068,71

Mir verfügen den Moment also iwert een Total vun: 9.700,15 €



D’Keesenrevisoren hun d’Kees kontrolléiert an bestätecht dass alles an der Réih war. D’Assemblée huet dem Trésorier Décharge vun sengem Rapport mat engem kräftegen Applaus gin.



Membren vum Comité



Eis Sekrétärin huet kuurz erläutert wéi et sech mat der Zesummenstellung vum Comité huet :

Een Member wou démissionéiert huet ass: Marie-Claire Fournier

Eis Memberen déi austriedent an ërem wielbar waren :

Sonja GIRSCH-Christine MAJERUS, Anne Decker an Raoul Pittomvils

Och sie hun sech ërem gären bereet erklärt am Comité ze schaffen an hun och durch een Applaus Zoustëmmung kritt.















Offen Diskussioun



Den Här Wagner huet dem Eltërecomité ee ganz härzlechen Merci ausgeschwaat fir hiirt Engagement an gudd Schaffen während schon ganzer 5 Joeren wou deen nach relatif jonken Lycée besteeht.

Hien huet erwähnt dass am Lycée den Moment sou ongeféier eng 1.180 Schüler sin waat der e puer manner wéi d’lëscht Joer (+/- 1250 Schüler) sin, waat dorop hinzeféieren ass dass Réiden an Péiteng een neien Lycée kruten.

Déi Entlaaschtung ass awer och noutwändeg, vu dass den Mamer Lycée am Schouljoer 2009/2010 och een klassechen Lycée gëtt wou wahrscheinlech Sektiounen B,C,D,G ugebueden gin an dann gëtt déi momentan frei Plaatz gebraucht.

En plus, ass op der 9ième an op der 10ième technique een Redoublement volontaire ugebueden gin mam Averständnis vun den Eltëren an den Schüler déi schoulesch Probleemer haaten an zwar dierfen déi hiirt Joer nach eng Kéier maachen awer mat besonnechen Conditiounen wéi , méi fléissech schaffen an wou och méi Stonnen investéiert gin (33 leçon’en pro Woch) fir hinnen Matière bei ze brengen, daat huet virun allem den But fir dem Schüler seng Approche zu sengem Léieren ze änneren an him déi néideg Hëllefstellung ze gin.

Den Mamer Lycée huet och Contact opgeholl mat 6 Nopeschgemengen wou den Lycée sech op Informatiounsowender mat den Eltëren vun den 6ten Schouljoeren (Primaire) virstellt.

Déi sechst Schouljoeren vun Mamer, kommen och den Lycée besichen mat dem Léierpersonal, wou och sie genees’tens iwert den Lycée an sein Léierprogramm informéiert gin fir den Kanner den Iwergaang vum primaire an den Lycée ze erliichteren.

Den Här Wagner huet sech och den Suergen vun den Eltërenugeholl sou wéi och zu den Froen Ried an Äntwert gestaan.

Et war een ganz flotten, interessanten an informativen Owend.