Eltërecomité vum 28ten Februar 2008

 

 

 

 

1)         Délégué – parent

 

Den Perry huet dem Aarbechtsgrupp vum Délégué-Parent villmools Merci gesoot fir hir gudd Aarbecht, hiiren  Feedback  hun all eis Eltërendélégeierten gescheckt krutt sou wéi och eis Memberen vum Comité.

 

 

2)         Fapel A.G. an  Proci Projet

 

Fapel huet all eisen Memberen eng Invitatioun geschékt fir op hir Assemblée Générale vum 17 mars 2008 um 19.30 Auer ze goen wou anschliessend eng interessant Table Ronde stattfend wou verschidden Comitésmemberen och wärten hin goen.

 

An den Fapel News déi dir gescheckt krutt war och eng Publication vun den Resultater vun der Pisa Etude wou ganz kloer eraus stecht, dass déi Schüler déi am PROCI Projet dran waren, besser ofgeschnidden hun wéi déi aaner. D’Iwerleeung ass do op net erem een neien genre PROCI Projet angefouert soll gin. Affaire à suivre !

 

 

3)         Datum fir Table Ronde

 

Mir haten an der Réunioun vum 9ten Januar 2008 festgehaal eng Table Ronde ze machen fir d’Eltëren an d’Schüler vun den 4ièmen an den 9ièmen déi Schoul verlooss hun. Déi Table Ronde ass elo festgeluegt gin fir den 17ten Abrëll 2008 um 19.00 Auer.

 

 

4)         Divers

 

Mir mussen eis sou lues Gedanken machen wat mir dëst Joer an eisem Infobliedchen publizéieren an folgend Proposen sin gemach gin:

 

-         Den Site Myschool public ze machen

-         Tipps fir d’Elteren waat Secherheet am Internet ugeet ze gin

-         Een Artikel vun den Seminaren vun der Fapel wou Danielle eis e Bericht doriwer schreiwt

 

All weider Ureegungen an Ideen sin härzlech wellkomm.